Commune de Bettendorf
Commune de Bettendorf
03 juil.

Informatiounsowend ronderëm de Café Waxweiler

10 JUIL.
jeudi - 18:30 20:30
Gouvernement local Buvette, 1 rue Neuve / L-9353 Bettendorf
2 images

De Café Waxweiler war méi wéi nëmmen e Café –e war Treffpunkt, “Landmark” an Deel vun der kollektiver Erënnerung zu Bettenduerf. Awer wéi geet et wieder mat dëser Plaz, déi souvill Generatiounen begéint huet? Op dësem Informatiounsowend beliichte mer d’Plaz am Wandel vun de Jorzéngten a ginn de Grondlage vun der Décisioun op de Fong – firwat et hei zu enger Ännerung komme soll a wat dat fir de Charakter vum Duerfkär bedeite kéint.

Kommt laanscht, stellt Är Froen a diskutéiert mat eis iwwert déi nächst Etappen vun eisem Mëttelpunkt am Duerf.